Eis Clubchampionnat 2025 war erëm e grousse Succès ,eis Jongen hu gutt geturnt a si haten och vill Freed a Spaass dobäi , Felicitatioun 🙂
Juil 01
Eis Clubchampionnat 2025 war erëm e grousse Succès ,eis Jongen hu gutt geturnt a si haten och vill Freed a Spaass dobäi , Felicitatioun 🙂
Juin 25
Eise Loisirstour 2025 war erëm super ,mueres si
mir Firma Ramborn déi Cidre mécht kucke gaangen mat Degustatioun, duerno si mir am
Hazelnut House op der Klaus zu Mëtteg iesse gaang. Iessen war ganz gutt , duerno ass et
weider gaang an de Musée Henri Tudor wat och ganz interessant war .
Owes si mir an Villa Hadir iessen gaang wou mir eisen traditionellen Menü giess hunn Ham Fritten an
Zalot et war och erëm gutt wéi all Joer.
Nach e grousse Merci un de Mil fir de schéinen Tour . 🙂
Juin 25
Um Championnats des Sections zu Bieles hunn eis Jonge gutt geturnt , eis Minien hunn eng 4 Plaz an eis Espoiren hunn eng 2 Plaz gemaach Felicitatioun
Mai 19
Um Championnat zu Beetebuerg hunn eis Jonge super geturnt Felicitatioun , a Champion ass eisen Iampolski Daniel ginn 🙂
Mai 19
Fir den 1 Mee ware mir erëm um Bierg fir eise Meekranz ze maachen . Fir Gedrénks a Iesse war gesuergt , Den Heng war erëm responsabel fir Wirschtercher wat jo wéi ëmmer gutt geklappt huet , Merci Heng.
Et war eng gutt Ambiance an et ass wéi vill geschnësst a gelaacht ginn.
Avr 26
Marie & Jacqueline hunn hire Gebuertsdag gefeiert ,wéi ëmmer si mir erëm verwinnt ginn , nach alles Guddes fir iech Zwee.
Avr 13
Eis Generalversammlung 2025 ass gutt verlaf ,et waren och erëm vill Leit do wat eis natierlech ëmmer erëm erfreet . Dëst Joer hu mir mussen eis Statuten a Jour setze ,wat gutt iwwer Bün gaangen ass .
Schued dat 3 Leit déi sollte geiert ginn net konnten do sinn.
No eiser Versammlung hate mir nach eisen Éierewäin.
Mar 14
L’Espérance Differdange hat den 8 Mäerz 1/2 Finale vun der Coupe de Luxembourg am
Centre de Gymnastique Josy Stoffel organiséiert < Espoirs a Seniors >
et ass alles gutt iwwert Bün gaangen , an eis Jongen
( Espoirs ) hunn eng gutt 2 Plaz geturnt Felicitatioun 🙂
Mar 12
Wéi all Joer feiere mir am Turnsall Fuesent , wou se alleguer super verkleet sinn a sech ëmmer gutt amuséieren 🙂
Derniers commentaires