Op der Championnats nationaux 2026 zu Beetebuerg hunn eis Jonge super geturnt si hunn eng 1 an 2 Plaz gemaach Felicitatioun 🙂
Mai 20
Fête de la Joie 2026 le 28 juin à Differdange
Fête de la Joie 2026 – le 28 juin 2026
Au centre Sportif John Scheuren à Oberkorn
voire Terrain de Football adjacent
Chers amis gymnastes,
Nous avons le plaisir de vous inviter à participer à la Fête de la Joie 2026 organisée par l’Espérance Differdange.
L’échauffement est prévu pour 13 :00 et le début du concours à 14 :00.
Pourront concourir les gymnastes nés entre 2017 et 2022.
Le catering et les animations également pour de plus jeunes enfants accompagnés sont accessibles à partir de 11 :30.

Nous nous réjouissons de votre participation
Le Comité de L’Espérance Differdange
Avec le soutien de la Ville de Differdange 
Lieu de rencontre: Centre Sportif John Scheuren à Oberkorn
Règlement du concours: Règlement_FÊTE DE LA JOIE 2026.pdf
Course prédéfinie: Course N°3
« Certaines images de cet article proviennent de Magnific.com. Merci à eux. »
Mai 18
Royale Jeunesse Sportive Stembert Belgique 16/17 Mai 2026
Super Resultater vun eise Minis 🥇🥈an Espoirs 🥇🥉de metteg um Tournoi zu Stembert. Och par Equipe mat der Liberté hu Si déi 1. Plaz 🏆 gemät.
E grousse MERCI un eis Trainer fir déi formidabel Arbecht. Och e groussen Merci un eis Jugen fir hiren Asatz.👏👏
Mai 16
Eis Memberen am Mëttelpunkt

Den Johny REUTER an d’ Marie Di GIAMMATTEO sinn an engem Artikel vum Wort .
E Klick op ee vun den Nimm hei driwwer leet op eng Säit Vu mywort by Luxemburger Wort !!
Hei ass di Newsletter vun der FLGym um internet ze liesen: Bulletin d’information du 15.05.2026
Mai 03
1 Mee 2026
Eis 1 Mee feier 2026.
Wieder war super awer et waren net vill Leit do ,eis Härenequipe war net Presenz schued et war awer flott . Wirschtercher ware gutt eise Kach den Henri mécht dat ëmmer super, Merci Henri 🙂
Avr 29
GAGF 2026 Les Sables d’Olonne
Hello !
Insider kennen dat , di aner kënnen sech hei Informéieren:
Offizielle Site: https://goldenage2026.com/fr/
Bulletin ( Op Franzéisch ) : Bulletin 2 Golden Age Festival 2026-A4 – Français – public version.pdf
Avr 25
Coupe de Luxembourg 25.04.2026
Eis Jongen hunn op der Coupe de Luxembourg zu Uewerkuer de 25.04.2026 eng gutt drëtt Plaz geturnt , Felicitatioun 🙂
Avr 23
Marie + Jacqueline hire Gebuertsdag
Marie + Jacqueline hunn hire Gebuertsdag gefeiert an der Villa Hadir et war e flotten Owend ënner Frënn ,et ass vill Geschnëss a gelaacht ginn . Alles Guddes fir déi Zwee an dat se nach laang dobäi sinn .
Mar 25
AG-ED 22.03.2026
E Sonndeg Moien den 22.03.2026 hate mir eis Assemblée Générale zu Uewerkuer an der Hall John Scheuren.Vill Memberen a Frënn vun der Espérance Déifferdeng hunn de Wee fonnt, ma och Vertrieder vun der Gemeng wore présent. Mir hunn zesummen op ee Flott an erfollegräicht Joer 2025 zeréck gekuckt. Souwuel dem Tom Ulweling, 1 Schäffe vun der Gemeng , wei och dem Paolo Frising Member vun der European Gymnastics, e grousse Merci fir hier Wierder vis à vis vun eisem Veräin
Op eiser AG ware vill Leit a si ass och gutt verlaf . No der AG hate mir Leit op e Patt agelueden wou och gutt geschnësst a gelaacht ginn ass.
No eiser AG ass de Comité an Villa Hadir iesse gaange, wei ëmmer si mir gutt serveiert ginn.
Mar 18
Championnats individuels 15.03.2026
Championnats individuels de 15.03.2026 zu Beetebuerg .
An der catégorie A 2012-2014 de Podium fir eis Espoirs.
1.Emin – 2.Nolan an eng 3. Platz fir de William.
Eng 5.Platz fir den Ezio.
Den Emin ass Champion toutes catégories gi mat 63,050 Punkten.
Eng ondankbar 4. Platz fir de Sam an der categorie B.
An eng 10. Platz fir den Alessio.
Bravo Jongen weider esou .









Derniers commentaires