Wei all Joer gëtt Fuesent am Turnsall gefeiert , an ëmmer mat vill Spaass a Freed, wei dat sech fir Fuesent esou gehéiert 🙂
Fév 03
Giancarla feiert seng 85 Joer 01.02.2024
Giancarla huet seng 85 Joer gefeiert mam Mixt am Turnsall, fir Iessen a Gedrénks war gesuecht .
Alles Guddes gewënscht a nach vill Joren dobäi
Fév 03
Qualifications Coupe de Luxembourg 27.01.2024
Qualifications Coupe de Luxembourg 2024, hate mir als Esperance Differdange Organiséiert
et ass alles gutt verlaf .
D´Organisatioun an de Catering huet gutt funktionéiert .
Eis Turner hunn eng gutt 3 Plaz gemaach Felicitatioun.
Fév 03
Träipen an der Villa Hadir 29.01.2024
Méindeg den 29 Januar 2024 hate mir eisen Träipen-Owend an der Villa Hadir . Et war wei ëmmer gutt an eng flotten Owend ënner Kolleegen.
Déc 22
De Kleeschen huet eis Kanner iwwerrascht 16.12.2023
De Kleesche war an den Turnsall komm an huet eis Kanner wéi all Joer iwwerrascht ,an hinnen eng Titche ginn, wou si sech natierlech immens dorops gefreet hunn 🙂
Déc 13
Wischtercher Owend am Pause Cafe 11.12.2023
Et war erëm e flotten Owend op eisem Wirschtercher Owend am Pause Café , et war wei ëmmer gutt an eng flott Ambiance .
Merci un d’Ana a seng Equipe 🙂
Déc 11
Iessen fir eis Benevollen 3.12.2023
E Sonndeg ,de 3 Dezember hate mir eist Iessen am Restaurant Angelo Divino ,fir eise Benevolle Merci ze
soen well ouni hier Hëllef wäre vill Fester net méiglech ze Organiséieren .
Nach eng kéier e grousse Merci 🙂
Oct 14
De Johny huet seng 70 Joer gefeiert 11.10.2023
De Johny huet mat de Härenequipe seng 70 Joer an der Villa Hadir gefeiert et war e flotten Owend , Iesse war gutt a mir haten eng gutt Ambiance.
Nach alles Guddes fir dech Johny . 🙂
Derniers commentaires